Eppelbléi

De Bauerenhaff

Eise Bauerenhaff gëtt als Familjebetrib geféiert. Zu den Haaptaktivitéite gehéiert säit jeehier d’Mëllechproduktioun. D’Mëllechkéi ginn 2 mol den Dag gestrach. Vum Fréijoer bis den Hierscht sinn d’Kéi dagsiwwer op der Weed, wat hirem Wuelbefannen an der Qualitéit vun der Mëllech zegutt kennt. Niewt den Mëllchkéi haalen mer och Limousin’en mat Nozuucht um Haff. Natierlech dierfen och Hénger, Kanéngercher, Hond an Kazen net feelen.

Den Betrib produzéiert op sengen Wisen an Felder d’Fudder fir d’Véi, Gromperen fir den Eegebedarf an dernieft och säit kuerzem Muerten an verschidden Bierenfriichten déi mir zu Jus an Gebeess virunverschaffen.

Dëst geschitt bei der Eppelpress, der Vizerei um Haff, déi sech zënter 2008 bestänneg weiderentwéckelt  an zu engem wichtegen Deel vum Betrib ginn ass.

Duerch d‘Eppelpress sinn ëmmer erëm Kannergruppen bei eis op den Bauerenhaff komm fir hiren Viz ze pressen. D’Freed an d’Begeeschterung vun dësen Kanner waren den Ustouss fir am Hierscht 2011 mat der Eppelbléi déi pädagogesch Aktivitéiten um Bauerenhaff fest ze etabléieren an auszebauen.