Eppelbléi

Aktivitéite fir Gruppen

Déieren um Bauerenhaff

Déieren um Bauerenhaff kenneléieren, selwer Kéi fidderen, verstoe wou d’Mëllech hirkënnt, Eeër asammelen, den Hénger ganz no kommen a Kanéngercher fir ze verwinnen.
A well Erliefnes hongereg mécht, preparéieren d’Kanner eng kleng Schneekegkeet mat Produkter vum Bauerenhaff.
März – September, 4-12 Joer, mind. 3 Stonnen

Bauerenhaffbuffet

Et geet mam Akafskuerf  iwwert den Bauerenhaff.  Äert Wëssen a Kënnen kennt dir géint d’Liewensmëttel vum Haff antauschen. D’Rezepter léie prett. Et gëtt gemuel, geschnëppelt, geréiert an um Féier gekacht. Vum selwergemaachtem Botter a Kéis bis bei de saisonalen Extra ass alles dobäi. Mir wënschen „E gudden Honger a loosst iech et schmaachen!“
Ofschléissend kenn dir Déieren um Bauerenhaff als Merci mat hirem Lieblingsfudder verwinnen.
Abrëll – September, 9-12 Joer, 5 Stonnen

Iwwer Planzen

Planzefuerscher an der Wiss
D’Wiss ass en gedeckten Dësch fir eis Kéi. Awer och mir kennen do Villes entdecken. Kucken, richen, fillen – et gëllt verschidden Aufgaben ze léisen. Dann verroden d’Planzen eis och dat eent oder anert Geheimnis. Mir verschaffe gesammelt Planzen zu kulinaresche Delikatessen souwéi kosmeteschen an héelsamen Extrakten.
Mee – Juni, 8-12 Joer, 3 Stonnen

Kären ënnert d’Lupp geholl
Dir léiert déi verschidde Kärenzorten kennen an ënnerscheeden. Wat verstoppt sech iwwerhaapt an esou engem Kär? Wat brauch en fir ze wuessen? A wat gëtt domat gemaach?  Wéivill Kären sinn an engem Brout? Vill Froen op déi mir Äntwerten sichen.
Iwwert dem Féier baakt dir Brout um Bengel a huelt äert Mini-Kärefeld am Blummendëppen mat Heem fir em do beim Wuessen nozekucken.
Juni – September, 8-12 Joer, 3 Stonnen

Verstoppte Faarwen – molen a fierwen mat Planzen
D’Natur ass voller Faarwen, heiansdo stiechen se eis an d’Aen an heiansdo sinn se verstoppt. Mir maachen eis op d’Sich vun der Wuerzel bis bei d’Blat. Dir léiert selwer Faarwen aus Planzen maachen.
1. Atelier: molen mat Naturfaarwen
An der Natur fannen mir genuch Material fir eis Pinselen a Stëfter ze maachen. D’Faarwen sinn fäerdeg, dann dierf gemoolt ginn. Mat verschidden Techniken schaaft dir ganz individuell Biller.
2. Atelier: fierwen mat Naturfaarwen
Mir fierwen Stoff a Woll, entwerfen Muster an stempelen mat Planzen.
D’Kanner kennen een wäissen, gewäschenen T-Shirt matbréngen fir ze fierwen .
Juli – September, 6-12 Joer, 3 Stonnen pro Atelier

Planzen an ernten – Et géet an d’Gromperen
Ab Abrëll Gromperen selwer uplanzen, Onkraut rappen, d’Gromperen heefen fir dann ze ernten an zesummen d’Gromperen um Féier kachen. Wärend 3 Terminer këmmeren d’Kanner sech em hir Gromperen. Geernt ginn déi fréi Gromperen am Juli.
Abrëll – Juli, 9-12 Joer, 2 x 2 Stonnen + 1 x 3 Stonnen

Vun Äppel a Viz

Hierschtzäit ass Äppelzäit! Am Bongert rafe mir Äppel a presse selwer Viz. Ausserdeem gëtt et vill ze kucken an ze schmaachen: Wien lieft am Bongert, wéi kommen d’Äppel un d’Beem an hues du scho mol gebroden Äppel aus dem Féier giess?  Bei der Besichtegung vun der Vizerei Eppelpress kann dann ausgibeg geschmaacht ginn.
Oktober, 4-12 Joer, 2-3 Stonnen

Allgemenges:
Den Inhalt an d’Dauer sinn der jeeweileger Altersgrupp ugepasst. D’Kanner solle méiglechst aktiv kennen deelhuelen, dofir schaffe mir mat 2 Persounen vum Bauerenhaff a klenge Gruppen. De Bauerenhaff ass zougänglech fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit. Gären organiséiere mir eng Aktivitéit fir iech zu engem gewënschten Thema, oder kombinéieren 2 Aktivitéiten zu enger Ganzdagsaktivitéit. Detailer zu Oflaf a Präisser kritt dir gären op Ufro.