Eppelbléi

D’Eppelbléi gëtt den Kanner d’Méiglechkeet den Bauerenhaff an d’Natur besser kennenzeléiren. Et gëtt Villes ze entdecken, ze erliewen an ze léieren.

Wat huet den Reewuerm mat eisem Brout ze dinn?
Firwat gëtt eng Kou Mëllech?
Wiest an der Wiss eigentlech nëmmen Gras?

D’Kanner gruewen am Buedem, hëllefen beim Fidderen an probéieren wat en mat enger Margréitchen alles maachen kann.
Si maachen sech op d’Sich no den Äntwerten op des an vill aner Froen déi d’Natur eis stellt. Mat allen Sënner loossen mir kleng Saachen grouss ginn.

Mir freeën eis op iech!